Résultats du Weekend 16-17.03.2024

Photo par Patty



18 March 2024

Chev Diekirch 35-17 U13M Handball Esch
U15 Handball Esch 24-22 HB Käerjeng
HC Standard 24-30 U17F Handball Esch
U17G Schifflange/Esch 52-19 HBC Attert
HBC Schifflange 2 30-26 HOM Handball Esch 3
RB Differdange 2 30-36 HOM Handball Esch 2
DAMES Handball Esch 25-24 Chev Diekirch
Chev Diekirch 18-24 HOM Handball Esch 1
 
Sur Rtl.lu :
 
DAMES: Den HB Esch huet bei der 25:24-Victoire géint Dikrech fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt. D'Ekipp vum Trainer Henri Mauruschatt louch, bis op den 2:1 no 4 Minutten, ëmmer vir an huet Dikrech d'Liewe schwéier gemaach. No 16 Minutte konnten déi Schwaarz sech eng éischt Kéier op 4 Goler ofsetzen a hunn dëse Virsprong bis an d'Paus gehalen (15:11). Nom Säitewiessel huet Dikrech sech lues a lues erugeschafft, mee Esch konnt de Chev an de leschte 15 Minutten ëmmer op Distanz halen a gewënnt zum Schluss verdéngt.
 
HOMMES: Den HB Esch setzt sech mat 24:18 zu Dikrech duerch. D’Lokalekipp wollt weisen, dass d’Victoire géint Käerjeng virun enger Woch keen Ausrutscher war an huet d’Escher an der éischter Hallschent op eng haart Prouf gestallt. No 30 intensive Minutte stoung et 11:10 fir d’Gäscht.

Am zweeten Duerchgang sinn dem Chev nëmmen 8 Goler gelongen, wat ze wéineg war, fir déi nächst grouss Ekipp ze iergeren. Op Escher Säit waren de Bob Kirsch an den Enes Agovic mat jee 6 Goler déi entscheedend Acteuren, soudass den HB Esch 2 Punkte mat an de Minett hëlt.