Handball Academy »BE ONE« (HB Esch)


22 August 2019

Mär presentéieren Iech eisen Handball-Camp »BE ONE«, deen Iech folgendes ubitt :
- Super Trainerstaff
- Modern Technologie
- Individuell Aarbecht mat de Kanner (Feldspiller a Goalkeeper)
- Ënnerhalung (Spiller an Kompetitiounen)



De Camp fënnt statt vu Méindes 28. Oktober bis Freides 1. November vun 09:00 bis 15:00 Auer zu Lalleng an der Sportshaal.

D'Ziel vum Camp ass ët de Kanner d'Méiglechkeet ze gi mat Spëtzentraineren ze schaffen an hier Handballfähegkeeten ze verbesseren.
Den Dagesprogramm ass esou opgestallt dass jidderee genuch Zäit huet fir Training, Spaass an néi Frëndschaften ze knäppen.


All Kand kritt eng Trainingausrüstung (T-Shirt, Box, Strëmp, Aarm-Sleeve).

All Dag vum Camp gëtt et ee Mëttegiessen, Dessert an Erfrëschung.

Um leschten Dag ass en Turnéier programméiert mat Auszeechnungen, Medailen, Diplomer a Kaddo'en.


De Präis vum Camp vu Méindes bis Freides ass 200€ (bei Geschwëster, nëmmen 100€ fir all weidert Kand).