Esch an Diddeleng un der Spëtzt


24 April 2017

Handball Esch

Créé par Fédération Luxembourgeoise Handball (unofficial)

Nom 6 Spilldag kann Esch sech weider ofsetzen. Duerch de Remis vun der Red Boys zu Diddeleng (32-32) ass de Virsprong vum Handball Esch no hirer Victoire zu Bierchem (31-26) op 4 Punkte gewuess. Käerjeng setzt sech däitlech mat zu Péiteng duerch (37-26).



Bei den Damme fält den HB Museldall um 7. Spilldag liicht zeréck no hirem Remis an engem spannende Match zu Käerjeng (25-25). Diddeleng huet esou no hirem Erfolleg zu Dikrech erëm e Virsprong vun 1 Punkt op den HB Museldall. An der 3. Partie wënnt den HC Standard kloer géint Péiteng (38-26).