Derniers résultats

Date Match Résultat
14.11 HB Pétange - Hommes 1 31-37
15.11 Hommes 2 - Mersch 2 15-fft
16.11 Hommes 3 - HB Strassen 33-38
15.11 Dames - HB Echternach 28-13
15.11 U17 - Käerjeng 37-27
16.11 HB Pétange - U14 11-34

Handball Esch Saison 2012/13 En Handballmäerchen


Handball Esch Saison 2012/13 - En Handballmäerchen (PDF Preview)

Den Handball Esch presentéiert e Buch mat Zeitungsartikelen iwwert d’Saison 2012/2013.
Eng fantastesch an onvergiesslech EHF Challenge Cup Saison op iwwer 90 Säite fir 20 Euroen d’Buch.
Besuergt Iech ären Exemplar elo schonn iwwer dësen Link.
Dir kritt dann eng Bestätegung mat Instruktioune fir ze bezuelen a wéi dir äert Buch dann och kritt.
Et besteet och d’Méiglechkeet d’Commande per Post geschéckt ze kréien.
“Handball Esch - Saison 2012/2013 - En Handballmäerchen” dierft op kee Fall an ärer Bibliothéik feelen !!!

Le Handball Esch vous présente un livre réunissant les articles de presse relatifs à la saison 2012/2013. Une saison EHF Challenge Cup Saison tant exceptionnelle qu’inoubliable sur plus de 90 pages à 20 euros le livre.
Assurez dès à présent votre exemplaire en le commandant via le lien ci-contre.
Vous recevrez ensuite une confirmation avec les instructions pour le payement et l’enlèvement.
Possibilité de recevoir votre commande par envoi postal.
“Handball Esch - Saison 2012/2013 - En Handballmäerchen” inévitable dans votre bibliothèque !!!

7. Spilldag an der Sales-Lentz Handball League

Eis Serie get weider mee et war knapp. An der éischter Halschent hunn eis Jongen de Match dominéiert, Verteidegung stoung gutt, de Sedin konnt en puer Konterattacken op den de Sacha an den Dany lanceieren, an der Halbzeit hate mäer en beim 14-22 en Avantage vun 8 Goler.

Et hätt en kenne mengen dëse Match wär gelaf, mee dat war Rechnung ouni déi Péitenger gemaach, genau wéi lescht Saison am Playoff hunn si ni opginn an hunn sech zeréck an de Match gekämpft, an hunn eise Jongen en 6-0 geschoss, elo war de Match rëm lancéiert. Mee anescht wei am Playoff hatt eis Equipe des kéier dat bessert Enn vir sech a gewënnt dëse Match 31-37.

Et hun gespillt :
ZUZO (1-30, 41-60 / 15 Paraden), MAURUSCHATT (31-41 / 2 Paraden), SARAC (6/3), TRIVIC (4), KRIER (2), LABONTE, SCHOLTEN (6), PULLI (5), BOCK (5), MARZADORI, ILIC (7/4), S.BAUM (2), N.BAUM, TOMASSINI
Staff : P.SCHUSTER, O.HEEL. R.MULLER, E.ROBYN

Réveillons-Party @ Café le Pirate

6. Spilldag an der Sales-Lentz Handball League

5 Matcher 5 mol gewonn, Tabelleleader mat engem Match manner dat ass den Bilan nom match géint den HBD. En Match den mat vill Spannung erwaart gouf.

Et sollt en spannenden mee awer och zerfuerenen Match ginn, vill Ënnerbriechungen duerch en ganz rei 2 Minutten. Déi éischt Halbzeit war zimlech ausgeglach, zwëschent der 20 an der 25 Minutt konnt den HBD sech en 3 Goler Avantage rausspillen, den Virsprong sollt net vun laanger dauer sinn well et goung mat 13-13 an Paus.

Déi éischt 10 Minutten vun der 2 Halschent sollten net vill anescht sin wei d’éischt Hallschent, mee ab der 40 Minutt konnten eis Jongen sech dunn awer ofsetzen, an haten sech en 4 Goler Virsprong rausgespillt, 8 Minutten virun Schluss konnten sech déi Diddelenger rëm bis op 2 Goler erun kämpfen, mee eis Jongen hunn direkt reagéiert an den alen 4 Goler Virsprong rëm hirgestallt.

Schlussresultat : HBD - Handball Esch : 26-30

Et hun gespillt :
Zuzo (17 paraden/1x7m), Mauruschatt, Trivic (3), Krier (2), Labonté, Scholten (3), Pulli (10), Bock (5), Marzadori, Ilic (4), S.Baum (1), N.Baum, Tomassini
Staff : P.Schuster, O.Heel, R.Muller, E.Robyn

Dammenéquipe sicht Goalkeeperin

Dammenéquipe vum Handball Esch as nach op der Sich no enger Goalkeeperin. Eis Dammen spillen am Moment an der Promotioun an sichen eng Spillerin fir op deem Niveau.

Bei Interesse kann een sech beim Dammentrainer Luc Fancelli (+352 621 210 919) mellen oder direkt op een vun den 3 wöchentlechen Training goen (Entraînement Handball Esch Saison 2014/2015)

Busrees Martin Muller : Grand Nancy ASPTT HB - Angers Noyant Handball Club (Update)

Leif Handballfrenn a Supporter vum Handball Esch, wei där io bestëmmt all wësst spillt de Martin Müller säit dëser Saison beim Grand Nancy ASPTT HB an der franséischer PRO D2.

Fir dem Martin ze weisen, dat och wann hien net méi beim Handball Esch spillt, ëmmer een vun eis bleift organiséiere mär den 28.11.2014 eng Busrees op de Match Nanzeg geint Angers.

Wann dier intresséiert sidd un dëser Rees deel ze huele mellt ierch w.e.g. beim Arni Biren (arni.biren@tice.lu) oder Sven Wollscheid (svenwolli@hotmail.com) un. D’Umellunge lafe bis Freides de 14.11.2014. Präisser vun den Entréesbilljee leien zwëschent 3 an 8 Euro.

Weider Detailer wat de Preis vum Bus, d’Auerzäit vun der Ofrees ubelaangt, ginn et am Laf vun der Woch.

UPDATE : Hei nach en puer Präzisiounen zur Rees op Nanzeg, mär wäerten déi Tickeen vun 8 € huelen, den Déplacement mam Entréespreis zesummen wäert jee no Unzuel vun den Participants tëschent 20 € an 30 € leien

EHF CUP 2 Tour : Handball Esch - Grundfos Tatabanya KC

Normalerweis gëtt et op dëser platz ëmmer en Resumé vun den Matcher, haut ass dem awer net esou. No der Leeschtung déi eis 1 Equipe dësen Weekend an der doubler Konfrontatioun géint Tatabanya gewisen huet, wär sou en Resumé einfach ze banal. Vill méi well ech op dëser platz profitéieren fir eisen Jongen an dem Staff ze gratuléieren fir déi 2 fantastesch Matcher di si de Weekend ofgeliwwert hunn. No 2 Matcher nëmmen wéinst 1 Gol, géint Vollprofien, eliminéiert ze ginn ass eng grandios Leeschtung. Natierlech war gëscht Owend Enttäuschung risegrouss, mee eis Jongen hunn domat bewisen dat déi Leeschtungen di si an deenen leschten Joeren op europäeschem Niveau bruet hunn keen Zoufall sinn.

Ech well der Equipe dofir just soen dat si kenne stolz op hier Leeschtung, an ech mengen ech schwätzen fir all di Leit déi iwwert déi 2 Deeg an der Hall waren wann ech soen :
Bravo, Bravo , Bravo

Kader vum Weekend :
S,Zuzo, A.Mauruschatt, S.Bininda, V.Sarac, M.Trivic, T.Krier, R.Labonté, M.Kohl, D.Scholten, S.Pulli, B.Biren, C.Bock, S.Marzadori, J.Ilic, S.Baum. B.Weibel, L.Tomassini
Staff:P.Schuster, O.Heel, R.Muller, E.Robyn

5. Spilldag an der Sales-Lentz Handball League

Weinst de Coupe d’Europes Matcher vum Weekend vum 17/19.10 hunn eis Jongen en Dënschden den Owend an enger virgezunner Partie vum 5. Spilldag géint den HBC Schëffleng gespillt.

Am Virfeld war erwaart ginn dat den Match eng kloer Saach fir eis Jongen sollt ginn, an dem war och sou, beim Spillstand vun 12-3 no 15 Minutte war kloer wie eng Equipe dëse Match géif wannen, dësen Ecart sollt wieder klammen an et goung mat engem 22-7 an Halbzeit. Dat Resultat huet dem Trainer Pascal Schuster erlaab d’Equipe dréinen ze loossen an all Spiller anzesetzen.

An der 2 Halbzeit huet Konzentratioun verständlecherweis en bëssen nogelooss an den een oder anere Fehler huet sech ageschlach wat deene Schëfflenger erlaabt huet en puer méi Goler ze schäisse wie an der 1 Halschent.

Schlussresultat: Handball Esch – HBC Scheffleng: 48-23

Et hunn gespillt :
S.Zuzo (1-30/ 13 Paraden), A.Mauruschatt (30-60/7 Paraden), V.Sarac (4), M.Trivic (5),T.Krier (2), M.Kohl (4), D.Scholten (8), B.Biren (1/1), C.Bock (5), S.Marzadori, J.Ilic (7/3), S.Baum (3), B.Weibel (2), L.Tomassini (3)
Staff: Pascal Schuster, Otto Heel, Roland Muller, Eric Robyn

Prévente EHF Cup: Handball Esch - Grundfos Tatabanya KC

Den Méindeg, 13. Oktober vun 17h00 bis 19h00 fënnt an der Lallenger Sportshal een Virverkaf fir den 2. Tour am EHF Cup geint den Grundfos Tatabanya KC aus Ungarn statt.

D’Präisser sin dei folgend:

Ticket Präiss
Adultes, 1 Dag 12€
Adultes, 2 Deeg 20€
6-16 Joer (inclus), 1 Dag 6€
6-16 Joer (inclus), 2 Deeg 10€
0-5 Joer gratis
VIP-Room, 1 Dag 30€
VIP-Room, 2 Deeg 50€

Opgrond vun der Limite vun den Ticketen dei daerfen erausgoen, muss och all Kand enner 5 Joer en Billet hun.