Cadre Provisoire Equipe Nationale Hommes - Quali Euro 2028

Handball Esch

Communiqué FLH 25.09.2026 :

Erweiderte Männer-National-Kader Männer 🇱🇺

De Nationaltrainer Didier Dinart huet haut eng Lëscht mat 35 Spiller bekannt ginn, déi fir déi zwee nächst Matcher géint Nordmazedonien a Schweden am Kader vun der Qualifikatioun fir d’EHF EURO 2028 a Fro kommen. Aus dësem erweiderte Kader ginn duerno déi Spiller ausgewielt, déi definitiv um Stage an un den zwee Qualifikatiounsmatcher deelhuelen.

Nieft Spiller, déi schonn Erfarung an der Nationalekipp gesammelt hunn, stinn och e puer Perspektivspiller op dëser Lëscht. Si kéinten d’Geleeënheet kréien, an de Grupp ze kommen, sech op internationalem Niveau ze weisen a sech fir déi nächst Rendez-vousen ze recommandéieren.

Fir dëse Rassemblement muss den Didier Dinart allerdéngs verletzungsbedéngt op e puer wichteg Spiller verzichten. De Ben Weyer, den Ojie Etute, de Luke Kaysen an de Loris Labonté wäerten deemno fir de Stage an déi nächst Qualifikatiounsmatcher net zur Verfügung stoen.

Den Didier Dinart wëll awer ënnersträichen, datt d’Dier vun der Nationalekipp fir all Spiller weiderhin opsteet. D’Leeschtungen an d’Entwécklung vun all Eenzelne wäerte weiderhin opmierksam suivéiert ginn. Jidderee kritt domat d’Méiglechkeet, sech ze weisen a sech fir eng zukünfteg Nominatioun ze recommandéieren – sief et fir de Stage am Januar oder fir déi nächst Rendez-vousen an der Qualifikatioun am Abrëll a Mee.

#handballassméi

0M0S0X79EH9VVTK4F4FB7W2DX9.png
10TGH89XBJ9WDBR2QMT5HSKJJQ.png