NEI AVENTURE FIR ESCHER JUGENDSPILLER.INNEN
6th August 2026
Handball Esch
Photographié par MH

Nom Tim Nothum, dem Yann an dem Fynn Schiertz, déi de Schratt gemaach hunn, fir sech am Ausland (beim THSV Eisenach) weider z'entwéckelen, schloen elo och weider Escher Spiller dëse Wee an.
D'Maylie Nunes aus eiser U15 wäert den nächste Schratt an hirer sportlecher Entwécklung maachen a sech dem franséische Veräin Yutz Handball uschléissen.
D'Maya Hansen Rak aus eiser U17 wäert, no bal 10 Joer am Club, ab dëser Saison och eng nei sportlech Erausfuerderung ugoen a sech dem Yutz Handball uschléissen.
Hiren jonke Brudder, de Milo Hansen Rak aus eiser U15, wäert och no bal 10 Joer am Club ab September fir den HSC 2000 Coburg an Däitschland oplafen an do seng sportlech Entwécklung an engem professionellen Ëmfeld weiderféieren.
Den Handball Esch ass houfreg, datt eis jonk Talenter, déi mir hei zu Esch ausbilden, de Schratt an auslännesch Veräiner a Leeschtungszentren woen a packen. Dat ass eng schéin Unerkennung fir déi Aarbecht, déi all Dag an eiser Jugend geleescht gëtt.
Mir wënschen dem Maylie, dem Maya an dem Milo vill Erfolleg, vill Freed an eng spannend Zäit zu Yutz a Coburg. Vertrëtt den Handball Esch mat Stolz op ärem neie Wee!
