GIN ... fir d' 25 JOER VUM HANDBALL ESCH
4th August 2026
Handball Esch
Photographié par Joao Guedes

Fir dëse ganz besonnesche Jubiläum huet d' GIN-TEAM en exklusive Jubiläum-Gin an enger limitéierter Editioun kreéiert.
E grousse Merci un de Claudio Tomassini, Marco Vanoli, Jean-Claude Reiter, Tim Morizet, Laura Tomassini an der Eischen-Ferreira Félix Distillerie fir dës flott Zesummenaarbecht.
70 cl • 43 % Vol.
Präis: 40 €
Reservéiert elo per E-Mail: commandes@handballesch.lu
Stousst mat eis un, op 25 Joer Handball Esch !
No der Confirmatioun vun Ärer Bestellung kritt Dir all d' Informatiounen zur Bezuelung an zur Ofhuelung.
Den GIN ass gemaach aus Spackelter a Wakelter plus eng Rei vu Kraider. Gutt an erfrëschend ewéi den Handball deen eise Veräin spillt.
Produzéiert zu Lëtzebuerg. Dësen GIN ass mat Léift gemaach. Dofir solls du en och mat Léift genéissen.
Ganz einfach e Glas mat e bëssi Äis an Tonic dran. Du kanns, wann' s de nach Zäit hues, Rosmarin, Pefferkären, Ingwer... asw. dran schnëppelen, dierfs awer och ouni dee ganze Schnickschnack däin GIN direkt genéissen.
HEI NACH PUER WICHTEG INFOE:
OPPASSEN HEI ASS ALKOHOL DRAN, AN ZWAR NET ZE KNAPPS. DRÉNK KEEN ALKOHOL ENNER 18 JOER. EXZESSIVEN ALKOHOLKONSUM ASS GEFÉIERLECH FIR D'GESONDHEET.
Photographié par ??




