Resumé vun der Assemblée Générale 2026 vum Handball Esch
17th July 2026
Handball Esch
D'Assemblée Générale vum Handball Esch war gutt besicht. Mir soen all eise Memberen, Spillerinnen, Spiller, Elteren, Supporteren a Frënn vum Veräin e grousse Merci fir hiren Interessi an hir Presenz.
E ganz besonnesche Merci geet un all eis Spillerinnen a Spiller, awer och un déi vill Benevollen, déi sech dat ganzt Joer mat vill Asaz fir de Veräin engagéieren. Ouni si wier e funktionéierende Veräin net méiglech.
Eis Sponsoren/Partner dierfen an dem Sënn och net vergiess ginn. Se sinn eng riseg Stäip fir de Veräin um Lafen ze halen.
D'Jugendkommissioun huet och dëst Joer e puer Jonker fir hiren aussergewéinlechen Engagement geéiert. Tifany Nunes an Eva Kill goufen ervirgehuewen ënner Anerem fir hiren Asaz als Arbiterinnen op de ville Jugendmatcher. Och de Lou Fancelli gouf ausgezeechent fir seng bal permanent Presenz an Hëllef bei de Manifestatioune vun der Jugendkommissioun an dem Veräin am Allgemengen.
De Comité huet dem Tun Bartringer Merci gesot. Trotz sengem jonken Alter iwwerhëlt hie schonn eng grouss Verantwortung als Arbitter a verschiddene Kategorien an ass domat e flotte Virbild a Motivatioun fir jonker zum Arbitrage ze bréngen.
No ville Joren am Comité hunn sech de Boris Arendt a d' Patty Stein decidéiert, hire Posten am Comité ofzeginn. Si bleiwen dem Handball Esch awer erhalen an dat an aneren wichtege Funktiounen. Mir soen hinnen e ganz häerzleche Merci fir hir wäertvoll Aarbecht an hiren onermiddlechen Asaz.
Och e Kapitel geet op en Enn fir eise President Christian Bock, deen no véier Joer säi Presidenteposten nidderleet. "El Capitano" bleift dem Comité erhalen a wäert de Veräin och an Zukunft mat senger Erfarung an sengem Engagement ënnerstëtzen. Villmools Merci, Christian, fir däin Asaz an däi Leadership.
D'Assemblée huet gläichzäiteg de Mike Hansen als neie President begréisst. Hien iwwerhëlt eng grouss Verantwortung an e spannende Challenge. Mir sinn iwwerzeegt, datt de Mike dës Aufgab mat vill Engagement a Kompetenz meeschtere wäert.
Fir d'Saison 2026/2027 setzt sech de Comité wéi follegt zesummen:
Mike Hansen – President
Vincent Nothum – Vizepresident
Marc Fancelli – Tresorier
Sven Wollscheid – Secrétaire administratif
Vic Wirth – Secrétaire technique
Christian Bock
Fabienne Diederich
Chris Classen
Joao Guedes
Jorge Matias
Gilles Weidig
En anere wichtege Moment vun der Assemblée war d'Presentatioun vum neie Jugendkoordinator. Michel Scheuren iwwerhëlt dës verantwortungsvoll Missioun. Mat senger grousser Erfarung, sengem Know-how a virun allem senger Léift fir de Handball ass hien eng wäertvoll Verstäerkung fir de Veräin. Häerzlech wëllkomm am Team Handball Esch!
Zum Schluss soe mir och dem President vun der FLH, Romain Schockmel, e grousse Merci fir seng Presenz an seng flott Interventioun wärend der Assemblée Générale.
Zesumme kucke mir motivéiert an ambitionéiert op d'Saison 2026/2027. #ForgedByPassion
Photographié par Guedes
