Skip to contentSkip to footer
Handball Esch

Handball Esch
Handball Esch

Se connecter

COUPE-GEWËNNER 2026 HANDBALL ESCH

26th April 2026

Handball Esch

Photographié par Christian Kemp

image

Luca Tomassini (am Ball) lässt sich auch Franky Hippert nicht aufhalten. Foto: Christian Kemp

Wort.lu - Gestern22:44 Uhr - Jan MORAWSKI 🤾

Esch holt den Handballpokal

Der HB Esch hat nach einem 28:27-Sieg gegen Düdelingen nach 2024 wieder den Luxemburger Handballpokal gewonnen. In einem Finale, das mit unglaublich hoher Intensität und Physis geführt wurde, zeigte sich Esch am Samstagabend im ersten Durchgang als das durchschlagskräftigere und kompaktere Team.

Während der HBD nach Fehlern im Angriff etliche Gegentreffer nach Tempogegenstößen kassierte, erwies sich Esch als homogene Einheit, aus der Torwart Hugo Figueira erneut herausragte. Zur Halbzeit stand es 15:11.

Düdelingen kämpfte sich wieder heran und drehte die Partie (20:19), wobei Mika Herrmann mit zwei parierten Siebenmetern überzeugte. In der turbulenten Schlussphase zog Esch das Momentum wieder auf seine Seite und durfte über einen knappen, glücklichen, aber nicht unverdienten Finalsieg jubeln. LuS

Photographié par rtl.lu

image

Handball: Final4 vun der CoupeEsch feiert 10. Coupegewënn zënter der Fusioun
Yannick Glod - rtl.lu


Diddeleng muss nom 27:28 weider op den éischte Coupgewënn zënter 2013 waarden. Esch konnt nees seng Qualitéiten an der Coupe ënner Beweis stellen.

Et war déi 25. Coupefinall, déi am Gymnase vun der Coque ausgedroe gouf an Esch hat déi 10. Kéier de méi glécklechen Ausgang op senger Säit. Insgesamt geet d'Coupe déi 34. Kéier op Esch. Fir den HBE war et déi 17. Participatioun un enger Finall zënter der Fusioun tëscht der Fraternelle an der Fola am Joer 2001. Et war awer eréischt déi zweet Kéier, dass déi Schwaarz-Wäiss an all deene Joren op Diddeleng getraff waren. Den HBD muss no der verluerener Finall 2025 op en Neits op den éischte Coupegewënn zënter 2013 waarden.

Et war och e Match mat enger Virgeschicht. Am Championnat musst no der Decisioun vun der CLAS e Fräiworf tëscht béiden Ekippen aus dem September 2025 widderholl ginn. Et war déi lescht Coupefinall fir d'Arbitterkoppel Linster/Rauchs, déi no der Saison e Schlussstréch ënnert hir national an international Karriär zéie wäert.

HB Diddeleng vs HB Esch 27:28 (11:15)

Béid Ekippe waren am Ufank héijen Tempo gaangen, mee et sollten net vill Goler falen. No 10 Minutte ware just 5 Goler gefall (3:2 fir Esch). Dat louch virun allem u béide Golkipper. Den Hugo Costa Figueira an de Mika Herrmann konnte bis dohi jeeweils 3 Parade verbuchen.

Den Trainer Rajko Milosevic hat seng Defense gutt op de Géigner agestallt. Si huet Diddeleng net zu sengem gewinnte Spill komme gelooss. De Bob Kirsch huet a beschter Domagoj-Duvnjak-Manéier op der Spëtzt mat senge laangen Äerm vill Bäll ofgefaangen an doduerch Konterattacke lancéiert. Esch huet dovu profitéiert a konnt an der 18. Minutt eng éischt Kéier op 3 Goler ewechzéien, an der 25. Minutt souguer op 4 Goler ausbauen. Och well den Herrmann am Gol net méi vill Bäll ze pake krut. Dëse Virsprong hu si mat an d'Paus geholl.

D'Stëmmung am Gymnase vun der Coque war immens gutt. 1.300 Spectateuren hunn hir jeeweileg Ekipp no vir gedriwwen an hate vläicht och en Undeel un der Schnellegkeet vum Match. No 20 Minutte musste sech béid Ekippen e bëssen erblosen, fir temporäich lescht 60 Sekonnen. No engem 13:9 stoung et beim Gang an d'Kabinne 15:11 fir Esch.

Diddeleng war mat Honnert à l'heure aus der Paus komm a koum mat engem 3:0-Laf an den éischte 5 Minutten op ee Gol erun. Esch war wuel e bësse beandrockt vum Diddelenger Äifer a krut säi Spill net méi richteg opgezunn. Si hunn ongewinnt Feeler gemaach a sou konnt Diddeleng no 40 Minutten ausgläichen (19:19) a kuerz drop déi éischt Féierung iwwerhaapt verbuchen (20:19). Duerno hu sech béid Säiten bis an d'Crunchtime en haarde Kampf gebueden.

Mat engem 3:0-Laf ab der 56. Minutt konnt Esch den decisiven Ecart maachen. Trotz der Disqualifikatioun no Videobeweis fir den Escher Luca Tomassini konnt de Rekord-Coupegewënner de Virsprong iwwer d'Zäit bréngen. An enger hëtzeger an hektescher Schlussphas koum Diddeleng wuel nach eng Kéier op ee Gol erun, mee de leschte Worf sollt näischt abréngen. Duerno si beim HBE all d'Dämm gebrach an d'Freed war grouss. Wéi schonn an der Halleffinall konnt den Escher Golkipp Hugo Costa Figueira eng Rëtsch Parade (12) weisen a gouf zum MVP vum Match gewielt.

Am Virfeld vun der Finall gouf en Demonstratiounsmatch vum Rollstullhandball tëscht den Diddelenger Fox Riders an der belscher Ekipp Cap2Sport organiséiert. D'Ekippe bestinn zu jee 50 Prozent aus Personnes à mobilité réduite (PMR) an Net-PMRen. An den Ekippe si souwuel Männer wéi Fraen dobäi an et muss ëmmer eng Fra um Terrain sinn. D'Fox Riders hunn de Match mat 7:18 verluer.

Photographié par Fern Konnen

image

Esch refait le coup
De: Charles Hoffsess

Dans A la Une, Handball, Newsletter Mis à jour le 26/04/26 12:40 | Publié le 25/04/26 21:55

Les Eschois sont allés la chercher.

Sensation à la Coque. Grand favori, Dudelange a été surpris par une équipe d’Esch, qui a parfaitement exécuté son plan de jeu, samedi, pour l’emporter au bout du suspense en finale de la Coupe de Luxembourg (27-28).

Deux ans après son dernier titre-surprise dans l’épreuve aux dépens des Red Boys, Esch a remis le couvert, samedi, grâce à son succès en finale de la Coupe de Luxembourg contre le HB Dudelange (27-28).

Outsiders, les Eschois, qui espéraient «surprendre tout le monde», pour reprendre les mots du capitaine, Luca Tomassini, ont réussi un coup de maître lors du traditionnel Final Four organisé à la Coque.

Après avoir étouffé le tenant du titre, Berchem, deux jours plus tôt, les hommes de Rajko Milosevic ont de nouveau livré une partie XXL dans une ambiance survoltée pour se défaire des Dudelangeois au terme d’un match indécis jusqu’au buzzer.

Photographié par Fernand Konnen

image

Esch erkämpft sich den Pokalsieg
Tageblatt.lu -  Joé Weimerskirch

Der HB Esch ist Pokalsieger 2026. Im spannenden Finale gegen den HB Düdelingen hat sich die Mannschaft von Trainer Rajko Milosevic am Samstagabend knapp mit 28:27 durchgesetzt.

 Was für eine kämpferische Leistung das HB Esch im Finale der Coupe de Luxembourg. In einer insgesamt durchwachsenen Saison, kann sich der HBE doch noch mit einem Titel belohnen. Es ist für den Fusionsklub seit der Vereinsgründung und dem Zusammenschluss zwischen der Fola und Fraternelle im Jahr 2001 der zehnte Pokalsieg - der erste seit 2024. Der HB Düdelingen muss dagegen weiter auf den ersten Coupe-Titel seit 2013 warten.

Vor 1.297 Zuschauern entwickelte sich im Finale zunächst eine torarme Anfangsphase. Beide Teams waren sich der Bedeutung des Spiels bewusst und agierten etwas verhalten. Nach zwölf Minuten stand es lediglich 3:3. Die Abwehrreihen standen kompakt und die Torhüter Figueira und Herrmann überzeugten mit starken Paraden und gaben ihren Mannschaften den nötigen Rückhalt.

In der Folge fanden die Escher dann aber durch ihre beherzte Abwehrarbeit zunehmend besser rein und verleiteten den HBD damit zu einigen leichtfertigen Ballverlusten. So gelang dem HBE ein erstes Break. Bis zur 25. Minute setzten sich die Spieler von Trainer Rajko Milosevic auf 11:7 ab. Den Vier-Tore-Vorsprung (15:11) nahmen sie dann auch mit in den zweiten Abschnitt.

 In diesen starteten die Düdelinger dann aber auf dem besseren Fuß. Coach Dusko Bilanovic schien in der Kabine die richtigen Worte gefunden zu haben. Mit einem 3:0-Lauf brachten Ilic und Zekan (2) ihre Mannschaft innerhalb von drei Minuten wieder ran. In der 38. Minute stellte I. Etute schließlich den Gleichstand wieder her (17:17) und wenig später war es auch der 21-jährige Nationalspieler, der für die erstmalige Führung des HBD im Finale (20:19) sorgte. Milosevic reagierte sofort mit einem Time-out und stellte phasenweise auf eine sehr offensive Deckung um. Mit Erfolg, Esch blieb dran.

Beide Mannschaften lieferten sich nun einen harten Kampf mit offenem Visier und das Finale war an Spannung nicht zu überbieten. Fünf Minuten vor Schluss stand ein 25:25-Unentschieden auf der Anzeigentafel. Dann rissen die Escher aber das Spiel endgültig an sich. Fancelli, Aranda und Werdel sorgten für einen 3:0-Lauf und stellten in der 57. Minute auf 28:25. Der HBD kam am Ende zwar noch einmal auf ein Tor ran, doch Figueira hielt den Escher Sieg mit zwei Paraden fest. Auch ein Timeout von Bilanovic vier Sekunden vor Schluss änderte daran nichts mehr.

Photographié par LW 20260427

5CEGRRR66V97ERXS3XM8PQB7BK.jpg
3JCVJTWZQG91WTCGGKP5NQ6KB9.jpg
5GTC7GN6Z384ABJ93TZX60A18H.jpg