de néie Champiion Handball Esch
Spannung bis déi lescht Sekonn an der Sales-Lentz League
Um leschte Spilldag an der Sales-Lentz League ass et nach eng Kéier richteg spannend ginn ewéi sech Käerjeng, d´Red Boys an Diddeleng em déi lescht 2 Platze fir d´Coupe d´Europe wollte qualifizéieren. In Extremis qualifizéiert sech Käerjeng duerch e Goal a leschter Sekonn beim 34-34 géint d´Red Boys, well Diddeleng trotz groussem Asatz mat engem Goal beim 32-33 géint de néie Champion Esch verléiert. Domat ass Bierchem no hierer Victoire zu Péiteng dann och Vice-Champion. Eng Saison mat vill spannenden an héichklassege Matcher geet domat zu Enn.
Fédération Luxembourgeoise Handball (unofficial)