SCHNUPPER-WEEKEND : Gëff ARBITTER !
D'FLH an Zesummenaarbecht mat der RefCom an dem ENEPS organiséiert en "Einführungskurs" fir zukünfteg Arbitteren.
Dëse Cours adresséiert sech un all Handballspillerinnen a Spiller (ab 18 Joer am Laaf vun der Saison 2017/18) déi sech fir eng Karriär als Arbitter interesséieren.
Falls d'Participant vun dësem Cours sech dann decidéiere fir als Arbitter weiderzemaachen, brauchen si nach just am September e Regeltest ze maachen, an da kann et lass goen.
De Cours ass an der Coque e Freideg, 7. Juli vun 18 bis 21 Auer, Samschdeg 8. Juli vun 9 bis 13 Auer a Sonndes 9. Juli vu 9 bis 12 Auer.
Fir weider Infoe kënnt dir Iech gären un de Patrick Simonelli wenden : simonelli.patrick@icloud.com
Umeldungen iwwert äre Veräin oder direkt op mail@flh.lu
Fédération Luxembourgeoise Handball (unofficial)