Resultater vum Weekend 3-4.2.2018

U17 Garçons Photo par Fern Konnen



05 February 2018

An der Coupe de Luxembourg si nach eis U17 bei de Jongen an d' Entente Esch/Schëffleng bei der U21 am Geschäft. U17 kritt et an der Finale mam Gewënner vum Match HC Berchem-HB Käerjeng ze dinn. Woubäi d’ Finale bei der U21 den 25.02.18 HC Berchem-Esch/Schëffleng heescht.

Resultater/Classement


Hommes 1: Eis 1. Équipe schléisst d’ Ronn virum Playoff mat 2 negativ Resultater of. Fir de Playoff muss dann eng Reaktioun kommen. Esou dat mir eng Chance hunn fir 18/19 an enger Coupe d’ Europe dobäi ze sinn.

Dames 1: no der Victoire vum HBD2 landen eis Dammen op déi 5. Plaz an der Promotioun. Ganz positive Bilan fir eis Dammen déi 8 vun 14 Matcher fir sech entscheede konnten

Hommes 2: stinn virum Playoff op der 2. Plaz an der Poule B an der Promotioun. Mat 14 gewonne Matcher vun 18 an der 1. Ronn.

U21 Garçons: Entente Esch/Schifflange: Ganz korrekt Leeschtungen bei der U21, déi no der 1. Phase eng gutt 3. Plaz erreecht hunn. Dat mat 11 gewonnen an 5 verluere Matcher.

U17 Garçons: d’U17 bei de Jongen konnten sech mat 1 Punkt Virsprong just virum HBD op déi 3. Plaz setzen. Se sinn och nach an der Coupe dran, an zwar an der Finale. Bravo Jongen!

U17 Filles: leider hunn eis Meedercher bei der U17 sech an alle Matcher missten geschloe ginn. Mir wënschen hinnen dat se weider motivéiert viru fueren an u sech gleewen.

U14 Garçons: deelen sech déi 3. Plaz Punkt gläich mam HBD 1. Hir Bilanz war bis elo och ganz positiv: 9 gewonnen géint 3 verluere Matcher.

U12 Mixte: bei der U12 sinn eréischt 5 Matcher gespillt. Do hu mir 3 vu 5 Matcher Gewonnen a stinn momentan op der 4. Plaz

U10 an U7: verschidden Aktivitéiten sinn hei organiséiert ginn. Turnéier bei der U10 an Plateau bei der U7