NEWS COUPE D'EUROPE


18 August 2020

Duerch de Covid-19 huet sech villes verännert. Sou och d'Coupe d'Europe. 
Ausgeloust gouffen mär jo geint d'schwäizer Equipe Pfadi Winterthur.
Allerdéngs steet Lëtzebuerg an der Schwäiz op der rouder Lescht, daat heescht an dësem Fall: Egal op a Lëtzebuerg oder an der Schwäiz gespillt gëtt, weinst den Quarantän Bestëmmungen an der Schwäiz misst eng vun beiden Equipen demno 10 Deeg a Quarantän fir respektiv nom Match.
 
Dofir ass zesummen mat der EHF no enger Léisung gesicht ginn fir déi Matcher awer nach spillen ze kennen. 
 
Folgenden Entschloss ass geholl ginn: Et gëtt just 1 Match gespillt. An zwar an Däitschland an der Rothenbach-Halle zu Kassle https://www.messe-kassel.de/besucher/mt-melsungen/ do wou d’MT Melsungen hier Heemmatcher huet.
 
Gespillt gëtt ouni Zuschauer Sonndes den 06.09 um 12:30. Dësen Match gëtt dann virun engem aneren Match aus der EHF European League gespillt. MT Melsungen – Bjerringbro-Silkeborg (DEN)
 
Di 2 Veräner, Pfadi Winterthur an den Handball Esch, hunn ganz enk zesummen geschafft mat den Responsablen vun Melsungen an der EHF fir zu dëser Léisung ze kommen. Dofir seet den Handball Esch alen Bedeelegten villmools Merci.


Team Handball Esch