Lëtzebuerg wennt och deen drëtte Match géint Groussbritannien mat 37-30
Och den 3. Match hun eis rout Léiwe kloer gewonnen. Schnell hate sie sech no 15 Minutte mat 10-3 ofgesat an hunn duerno näischt mei ubrenne gelooss. De maximale Virsprong waren dobäi 11 Goaler. Muller Martin mat 9 an de Krier Tom mat 6 Goaler hun am meeschte getraff. Domat ass den Handball Lëtzebuerg Gruppenéischten an et steet dann och fest, dass Lëtzebuerg de 16.6 um 19h00 eis Zäit géint de Kosovo spillt.
Fédération Luxembourgeoise Handball (unofficial)