Lëtzebuerg mat verdéngter Victoire géint Georgien
Dem Adrian Stot seng Equipe huet sech ufanks schwéier gedi fir an de Match ze fannen. No 20 Minutten as et dunn awer an der Verteidegung besser gelaf a Muller, Weyer & Co. konnten sech bis zur Paus e Polster vu 4 Goaler beim 18-14 erausspillen. No der Paus hunn d´Georgier alles probéiert fir gläich ze zéien, mais d´rout Léiwen haten ëmmer eng Äntwert parat. Zum Schluss konnt Lëtzebuerg sech, dank enger Toppleeschtung vum Golkipp Jérome Michels, souverän mat 35-29 duerchsetzen. Muer geet et dann um 19h00 géint Malta weider. Statistiken fannt dir héi ennen.
MIR SINN HANDBALL!
Fédération Luxembourgeoise Handball (unofficial)