Läscht Resultater 17/18 an Plazéierungen
Sérigraphie Christian Schaack
16 May 2018
Hei si nach Resultater vun der Woch 08-13.05.2018. D' Entente Esch/Schifflange huet den Owend 16.05. um 20.30 zu Esch géint Käerjeng hire läschte Match fir dës Saison. Mat enger Victoire géingen se nach op eng gutt 2. Plaz am Championnat kommen. Se brauchen all Ënnertstëtzung !
Vun eisen Equipen all fannt dir hei drënner eng Opstellung vun den Plazéierungen am Championnat an wéi se an der Coupe ofgeschnidden hunn.
Bei der U14 an U17 gëtt nach e Final4 zu Diddeleng gespillt... anscheinend!
Den Champions 17/18 an de Coupe Gewënner gratuléiere mir nach op dëser Plaz. Speziell eiser 2. Equipe bei de Männer déi Coupe Gewënner 17/18 sinn.
Eisen Teams vum Handball Esch wënschen mir natiirlech eng erhuelsam Summer Paus an eng gutt Virbereedung fir déi nächst Saison. Allez Esch !
Resultater:
U14G 08.05.2018 Handball Esch 19 : 26 Schiffl/Bettbg
U21G 09.05.2018 Esch/Schiffl. 41 : 25 Red Boys Diff
U14G 12.05.2018 Handball Esch 22 : 26 Schiffl/Bettbg
U17F 12.05.2018 HBC Schiffl. 15 : fft Handball Esch
Dames 12.05.2018 Handball Esch 27 : 17 HB Mersch 75
Hommes2 12.05.2018 Handball Esch 2 15 : fft CHEV Diekirch 2
Hommes1 12.05.2018 HB Petange 32 : 39 Handball Esch
U12 13.05.2018 Handball Esch 32 : 23 Red Boys Diff
U17G 13.05.2018 Handball Esch 44 : 24 HB Kaerjeng
U21G 13.05.2018 Esch/Schiffl. 33 : 26 HB Dudelange
U21G 16.05.2018 Esch/Schiffl. 37 : 34 HB Kaerjeng
Classementer Championnat an Coupe:
2017/18 Championnat Coupe
U12 Mixte 4 ème 1/2 Finale
U14 Garçons 4 ème 1/4 Finale
U17 Filles 6 ème 1/2 Finale
U17 Garçons 3 ème Finaliste
U21 Garçons 2 ème Finaliste
Hommes 2 5 ème Vainqueur
Dames 3 ème 1/4 Finale
Hommes 1 5 ème 1/4 Finale