HB ESCH NÉIEN TABELLELEADER AN DER SALES-LENTZ LEAGUE HÄREN

HB ESCH NÉIEN TABELLELEADER AN DER SALES-LENTZ LEAGUE HÄREN

Nodeems den HB Käerjeng an d´Red Boys vun Déifferdeng zu Diddeleng respektiv zu Bierchem verluer hunn, profitéiert den HB Esch a setzt sech un d´Spëtzt vun der Tabell mat engem Punkt Virsprong.



KENG IWWERRASCHUNG BEI DEN DAMMEN

Bei den Damme setzen sech d´Favoritten duerch, an Diddeleng behält säi Virsprong vu 4 Punkten op de Coupegewënner HB Museldall an den HC Standard.