D´Favorite setzen sech all duerch

D´Favorite setzen sech all duerch

Um 1. Spilldaag vun der Nationaldivisioun bei den Hären an Dammen konnten sech d´Favoriten all duerchsetzen. Am Spetzematch huet Esch, noddems sie bis zur 50´ hanne waren, sech um Enn dach kloer matt 30-25 zu Bierchem duerchgesaat. Käerjeng wennt héich mat 30-14 géint Péiteng. Diddeleng setzt sech mat 33-22 zu Scheffleng duerch an d´Red Boys hu kee Probleem beim 37-20 zu Dikkrech.



Bei den Dammen as et eng kloer Victoire vum Titelverdeedeger Museldall géint de Standard beim 31-24. Scheffleng zitt doheem matt 17-29 de kierzere géint Diddeleng an de Chev Dikkrech wennt kloer matt 31-13 géint d´Red Boys.