25-24 Victoire fir d´Dammenationalequipe géint Guinea

25-24 Victoire fir d´Dammenationalequipe géint Guinea

No enger staarker Ufangsphase wou Welter, Wirtz & Co. matt 9:5 fir waren, huet Guinea sech zeréckgekämpft an as mat enger knapper Féierung beim 9:10 an d´Paus gaangen. Eis rout Léiwinnen hunn och dono viru ronn 150 Zuschauer schwéier an de Match fonnt, a sie louchen no 40 matt 10:15 zeréck. Duerno hunn sie sech awer zesummegerappt an no engem 8:0 Zwöschesprint stoung et no 50´18:15. Dee Virsprong konnte sie bis zum Schluss haale, fir schlussendlech matt 25:24 knapp awer verdingt eng historesch Victoire ze feieren.