Nom Schock iwwert d’Nouvelle datt de Gilbert eis esou plëtzlech an am Alter vun nëmmen 69 Joer verlooss huet, ass et elo Trauer déi eis alleguerten fest am Grëff huet.
De Gilbert Simonelli war eng Galiounsfigur am Lëtzebuerger Handball. Schonn a ganz jonke Joren huet hien ugefaangen Handball ze spillen, zu enger Zait wou eise Sport nach zu Esch am Haff vun der Brillschoul praktizéiert gouf. Ugangs den 80er Joren, ass de Gilbert Member am Comité vun der Fraternelle ginn, zu enger Zaït déi fir de Club alles anescht als roseg war. Awer genau dat charakteriséiert hien: Problemer proaktiv ugoen amplaz fatalistesch de Kapp an de Sand ze stiechen. Hien huet an dëser schwéirer Zait Verantwortung iwwerholl a gouf Präsident vun der Fraternelle. Den Asaaz huet sech gelount, an souwuel dem Gilbert seng gutt international Kontaker engersäits, wéi och eng konsequent Jugendarbecht anerersäits, hunn et mat sech bruet datt sein Veraïn ugangs de 90er Joren eng top Equipe do stoen hat, an nees an d’Nationaldivisioun opgestiegen ass. An de Succès ass net ausbliwwen: Coupe de Luxembourg 1993 an den Doublé 1996 waren de Beweis datt de Gilbert mat senger Equipe alles richteg gemaach hat. Och de Succès vun der Dammenéquipe ugangs den 80er Joren, war sein Mérite, well hien huet si an där Zait trainéiert. Hien huet den Handball aus alle Bléckwénkele kannt, als Spiller, Trainer an net zulescht als Dirigeant. Seng grouss Erfahrung a seng mënschlech Kompetenzen, hunn hien an all dëse Rollen zu engem Beispill fir eis gemach.
Elo muss d’Liewen ouni hien weidergoen, mee eent ass sécher, hien huet seng Spueren hannerlooss, bei eis all.
Äddi Frënd Gilbert! Mär wäerten dech nëtt vergiessen.
Dem Marceline, dem Petz an der ganzer Famill drécke mär eist allerhäerzlechst Beileed aus.
De Comité vum Handball Esch