De Lëtzebuerger Handball trauert em de Camille Gira


17 May 2018

Déi gesamt Lëtzebuerger Handballwelt ass an déiwer Trauer.

Haut huet eis d' Nouvelle getraff, dass fréiere FLH President vun 2008-2013, de Camille Gira, eis vill ze fréi verlooss huet. De Camille huet zur Handballfamill gehéiert an huet mat ganz vill Engagement versicht an de Jore vu senger Presidence den Handball ze promouvéieren. Hien war bis zum Schluss dem Handball déif verbonnen.

Mir drécke senger ganzer Famill eist häerzlechst Bäileed aus.
Camille rou a Fridden.