Handballprojeten an der Groussregioun
Adrien Deischter
20 February 2017
Créé par Fédération Luxembourgeoise Handball (unofficial)
Am Rahme vun der Fraeweltmeeschterschaft déi am Dezember 2017 an Däitschland stattfënnt, solle verschidde Projete vun der Groussregioun stattfannen. Dofir hunn sech leschte Samschdeg Vertrieder vun der Belsch, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg zu Tréier an der Arena Trier getraff. Folgend Themen sinn ugeschwat ginn: Trainerfortbildung, Arbitterfortbildung a Jugendturnéier (Grenzlandpokal). D'FLH war représentéiert duerch d'Vizepresidentin Josée Keiffer an den Adrien Deischter!